Hei elei, kuck elei war den Titel vun enger Televisiounsemissioun a Lëtzebuerger Sprooch (der éischter iwwerhaapt), déi tëscht dem 21. September 1969 an dem 21. Oktober 1991 sonndes mëttes tëscht 13.00 an 13.45 (spéider bis 15.00) Auer op der Frequenz vun Télé Luxembourg (zum Schluss och vun RTLplus ausgestraalt gouf.
Hei elei, kuck elei (Here they are, look at them) was the title of a television show in the Luxembourgish language (the first ever), which was broadcast between the 21st September 1969 and the 21st October 1991 on Sunday afternoons between 1:00 p.m. and 1:45 p.m. (later until 3:00 p.m.) on the frequency of Télé Luxembourg (in the end it was also broadcast by RTLplus.


Se gouf vun der CLT produzéiert.
It was produced by CLT.

Chefredakter an Haaptmoderator war de Jean Octave, a méi spéiden Emissiounen huet de Lucien Michels och verschidden Emissioune (co-)moderéiert.
The editor-in-chief and main moderator was Jean Octave, and in later broadcasts, Lucien Michels also (co-)moderated various broadcasts.

De Programm bestoung gewéinlech aus enger Wocherevue, a geleeëntleche Reportagen, Debaten, Museks- oder Theateropféierungen, asw.
The program usually consisted of a weekly review, and occasional reports, debates, music or theater performances, etc.

Hei elei kuck elei gouf am Oktober 1991 agestallt, fir duerch eng deeglech Emissioun op Lëtzebuergesch, RTL-Hei elei (deen am September 1995 an RTL Télé Lëtzebuerg ëmbenannt sollt ginn) ersat ze ginn.
Hei elei kuck elei was established in October 1991 to be replaced by a daily broadcast in Luxembourgish, RTL-Hei elei (which was to be renamed RTL Télé Lützeburg in September 1995).

Den Numm ass e Vers aus der Operett D'Mumm Séis vum Edmond de la Fontaine.
The name is a verse from the operetta D'Mumm Séis by Edmond de la Fontaine.

En ass dee warscheinlech bekanntste lëtzebuergesche Saz an Holland.
It is probably the most famous Luxembourgish phrase in the Netherlands.

Dat kënnt dohier, datt, wéi RTL en Televisiounsprogramm op Hollännesch lancéiert huet (RTL Veronique, deen haitegen RTL4) dëse Programm offiziell huet misse "lëtzebuergesch" sinn, well e keng hollännesch Lizenz hat an nëmmen als "auslännesche" Programm huet däerfen an d'Kabelnetzer agespillt ginn.
This comes from the fact that, when RTL launched a television program in Dutch (RTL Veronique, today's RTL4), this program had to be officially "Luxembourgish", because it did not have a Dutch license and was only allowed to be broadcast as a "foreign" program Cable networks are included.

Dofir ass dann ëm Hallefnuecht, wann de Programm eriwwer war, oder moies fréi, ier et lass goung, "Hei elei, kuck elei" ausgestraalt ginn.
Therefore, around midnight, when the program was over, or early in the morning, before it started, "Hei elei, kuck elei" was broadcast.

Besonnesch bei jonke Leit hat et e gewësse Kultstatus, virum (oder nom) Erausgoen "Hei elei" ze kucken a sech iwwer dee gelungene Programm z'ameséieren.
Especially among young people, it had a certain cult status to watch "Hei elei" before (or after) going out and enjoy the successful program.